Veräinsliewen
Juli 2026 - Rousport

32 Grad am Schied zu Rousport ...
an e coole Concert
***
Juni 2026

Gala-Concert am Syrkus 2026
mat der Kirchdorfer-Musek
Kirchdorfer Musikanten aus Bayern begeeschteren de Publikum zu Rued‑Syr
De Samschdeg, de 6. Juni, huet de Kultursall Syrkus zu Rued‑Syr en aussergewéinleche musikaleschen Héichpunkt erlieft. Op Invitatioun vun der Ouljer Musek waren d’Kirchdorfer Musikanten aus Bayern an der Gemeng ze Gaascht. Um 19 Auer hunn d’Ouljer a Menster Musek hiert traditionellt Gemeinschaftskonzert gespillt. De Sall war bis op déi lescht Plaz gefëllt. Ënner der Leedung vum Marc Garson an dem Tim Kleren hunn déi zwee Veräiner e variéierte Programm op héchstem Niveau presentéiert. Den héichwäertege Virtrag gouf vum dankbare Publikum mat vill Applaus belount.
Den Highlight vum Owend war den Optrëtt vun de Kirchdorfer Musikanten. Déi präisgekréinte Formatioun aus Bayern, vun net manner wéi 50 Musekantinnen a Musikanten, huet ënner der Leedung vun hirem Dirigent Andreas Seger eng beandrockend musikalesch Leeschtung presentéiert, déi de Publikum absolut begeeschtert huet. Zum Ofschloss vun engem gelongenen Owend gouf et bei Iessen a Gedrénks an enger gemittlecher Atmosphär flott Gespréicher, woubäi nei Frëndschafte geschloss, an déi bestoend nach weider verdéift konnte ginn. En Owend, deen erëm eemol gewisen huet: Musek verbënnt – iwwer all Grenzen ewech.
***
